top of page

Eis Philosophie

F53AFD95-06AA-403B-B2E8-750A3C3BB857.jpg

Eenhar® huet sech d'Zil gesat fir héichqualitativ Sourdinnen fir Sträichinstrumenter ze produzéieren (weider Produkter si scho geplangt) mat folgenden Ambitiounen:

1 -

Fabrikatioun aus 100 % Naturmaterialien. Den Offall aus der Produktioun (ausser der recycléierbarer Verpaakung) ass komplett kompostéierbar a kann als natierlechen Dünger benotzt ginn. Deen eenzegen „Foussofdrock“ fir eis Natur ass den Energieverbrauch vun engem klengen Atelier souwéi den Transport vu Réistoffer an fäerdegen Produkter.

2 -

D'Restauréierung vun engem traditionelle Fachwëssen iwwer dat nohaltegt Naturmaterial Har, daat haut bal verschwonnen ass. De Fokus läit op den deegleche Bedierfnesser vum Client. De Produit stellt eng nei an originell Alternativ am Verglach zu der aktueller Maartoffer duer. Fënnef Joer Fuerschung an Entwécklung sinn an dëse Projet gaang.

3 -

Di lokal Wuerzelen vun Eenhar® erlaben e minimale Beschaafungskreeslaaf duerch direkt Bezéiunge mat den Réistoffproduzenten. Eenhar krut de Sigel „Made in Luxembourg“ fir säi Bäitrag zu der kultureller Wichtegkeet vu Lëtzebuerg.

Fënnef Joer Fuerschung an Entwécklung, finanzéiert aus eegener Täsch, waren néideg fir dësen High-End Handwierksbetrieb op d'Been ze stellen. Mir produzéieren ausschliisslech op ëmweltfrëndlech an nohalteger Basis, a garantéieren Produiten déi laang halen.

bottom of page