Eis Geschicht
No der Revelatioun, déi mer haten wéi mer eng Sourdinn aus Har aus dem 19. Joerhonnert ausprobéiert hunn, ass eis kloër ginn wat de richtege musikalesche Grond war, fir deen d'Komponisten d'Benotzung a bestëmmte Passagen vun hire Wierker gefrot hunn, säit dem 17. Joerhonnert.
Tatsächlech, déi al hëlzen, steif Sourdinnen aus Sëlwer, Holz oder Har, maachen et méiglech den Timber vum Instrument ze änneren, andeems een den Androck vun engem vu wäitem a gedämpftem Toun kritt. Awer si reduzéieren net de Tounbereich oder de Räichtum vun den Harmoniken, si verdeelen se einfach anescht am Tounspektrum, well se de Steeg méi schwéier maachen ouni seng Schwéngungen ze beaflossen. Dëst ass wat et méiglech mécht eng richteg Palette vun Expressivitéit an Nuancen ze behalen.
An der Nokrichszäit, mat neien industrielle Materialien, wéi Plastik oder Gummi, sinn nei Sourdinnen mat bessere prakteschen Eegenschaften op de Maart komm, an déi meescht Instrumentalisten hu vun do un dëss benotzt: haaptsächlech aus Sécherheetsgrënn bei der Opféierung vu bestëmmte Stécker, wou en Op- an Ofsetzen vun der Sourdinn, zumools an séieren Passagen zimmlech schwéier war, an net seelen eng Sourdinn um Buedem gelant ass.
Dës nei Sourdinnen hunn also séier déi eeler Modeller komplett verdrängt, ouni datt d'Musiker fir d'éischt op dee grousse musikalesche Verloscht opgepasst hunn, deen dës Verännerung am Gebrauch verursaacht huet. Hautdesdaags ginn et vill Leit, déi net gären d‘Sourdinn benotzen, oder och dës Indikatioun vum Komponist ignoréieren, well d'Sträichinstrumenter dann net méi genuch géint d'Bléiser, d'Perkussioun oder souguer de Piano ukommen, oder och well den Toun steril an desagreabel kléngt. E Beispill dovun fënnt een ënner anerem beim Tschaikowski (zweete Saatz vum Geieconcerto, Gei an Cellosolo am Schwaneséi, asw.: Kee spillt dës Passagen méi mat der Sourdinn, obwuel hire Gebrauch do ganz kloer erfuerdert ass).
Nodeems mir wärend enger Zäit probéiert hunn al Sourdinnen an der professioneller Praxis ze benotzen, a konfrontéiert goufen mat der praktescher Onméiglechkeet se an e puer Wierker vum grousse Repertoire entspriechend ze benotzen, si mir op d'Iddi komm fir en neie Modell z'entwéckelen deen de musikalesche Räichtum vun enger Sourdinn aus Har mam prakteschen Aspekt vun enger moderner Sourdinn aus Gummi kombinéiert.
Dat war d'Gebuert vun Eenhar®. Den éischte Prototyp war sou iwwerzeegend an huet all Erwaardungen iwwerschratt, an sou wollten mir dës Erfindung fir e gréisstméiglechen Publikum zougänglech maachen. Mir goufen an dëser Iddi vun Orchestermuseker, Kammermuseker a Solisten encouragéiert.
No fënnef Joer Fuerschungs- an Entwécklungsaarbecht hunn mir et fäerdegbruecht eng wirtschaftlech nohalteg a gläichzäiteg handwierklech Produktiounsmethod z'entwéckelen. Also kënne mir haut eng Sourdinn ubidden, déi allen modernen Ufuerderunge entsprécht, awer och hätt kënnen virun zwee- oder dräihonnert Joër mat de Mëttele vun der Zäit produzéiert ginn.
Drënner ass den alleréischte Prototyp